Welcome um anerewee
Wëllkomm ob dem offiziellen Site vum schwul-lesbeschen Jugendgrupp „Anere Wee“. Jugendlëcher hun an Zesummenarbescht mam CIGALE, dem Centre Information GAy et LEsbien, e Jugendgrupp op d' Been gestallt, den Ierch ob deser Homepage bessen virgestallt gëtt.
Eis Treffen
Mir treffen eis an der Reegel ob engem fixen RDV !
Wanns du awer dech déi éischten kéier net traus,
an dech als éischt iwwert den Jugendgrupp infomréieren
wells, kanns du dat gaeren mat engem individuellen RDV maachen, setz
dech einfach mat eis an kontakt!
Allgemenges zum Treffen oder näckst Event :
All Mettwoch vun
16:00 - 20:00
Den Inhalt vum Nomëtteg gëtt (wann näischt anescht virgesin ass) vun den Jugendlëchen selwer gestalt !!!
Datumer vun den Treffen, an Infoen iwwert flott Aktivitéiten, fënds Du ëmmer bei eis ob der Homepage:
Agenda :
- Am Moment ass keen Eintrag am Agenda
Dësst si just Virschléi, je no Aktualitéit oder Laun kann de Programm och
mol spontan wiesslen. Nei Iddien sin natierlech ëmmer wëllkom. Einfach
eramailen un laurent.boquet@cigale.lu
(*!*)
= WICHTEG FIR MANNERJAEHREGER: Fir dëss Aktivitéiten brauchen
d’Educateuren vum CIGALE eng autorisation parentale déi’s Du am CIGALE
kriss oder per Email op déi Adresse geschéckt krus mat därs Du Dëch an
d’Mailingslëscht vum Jugendgrupp agedroen hues. Dësen Ziedel musse mir
virun der Aktivitéit vun den Elteren ënnerschriwen(!) zeréck kréien!
Aktuelles
Jun. 28 2009 ¦ Laurent
Des Charta huet all Member vum Jugendgrupp ennerschriwwen, eroflueden kann Du se zusummen mam Règlement d'ordre inrérieur vum Centre CIGALE am Downloadbereich.
Een schwulen Jugendgrupp ?
Nov. 16 2007 ¦ Laurent
Ma nee! Mir sinn net nëmmen eng schwul Jugendgrupp! Mir sinn eng Platz wou
jonk "Homoen" sech treffen kennen, sech kennen leieren an
flott Saachen kennen zesummen maachen!
Hei ass et egal ob du Schwul, Lesbesch oder och Bi bass, bei eis
fënns du emmer Léit déi selwecht fillen
an vläit och selwecht denken weis du!
Mir diskutéieren
zesummen, deelen eis Erfahrungen, huelen zesummen un Projekter deel, an
setzen der selwer ob Been!
Natierlech ennerhuelen mir och mol aaner Saachen zusammen! Ginn och mol
zesummen an den Kino oder ob Austellungen ect.
Fir wéider Infoen, notz Rubrique "contact"
